Police: Manif vu 15 Membere vu Jonk Lénk am Ausseministère

(RTL.lu - 06.11.2009)Géint 16 Auer si 15 Manifestante vu Jonk Lénk an den Ausseministère eragelaf an hunn e Fändel gewisen. Si hu géint d'Expulsiounen an de Kosovo protestéiert

Wéi d'Police komm ass, sinn si fräiwëlleg nees gaang.

Déi Jonk Lénk wollte géint d'Politik vun den Expulsioune manifestéieren. Méi spezifesch géint de Fait, dass eng Demande vun de 22 Leit aus dem Kosovo, fir vun engem Lëtzebuerger Observateur begleet ze ginn, fir den Empfank op der Plaz ze constatéieren, vun de Lëtzebuerger Autoritéiten an dem Ministère refuséiert gouf.

Doriwweraus hätt eng parlamentaresch Fro vum Änder Hoffmann en Donneschdeg iwwert präzis dës Demande hiren "urgenten Charakter" ofgeschwat kritt.

Déi Jonk Lénk wollten hire Protest dogéint direkt un den Ausseministère riichten a sinn also dohinner gaang.

Tags:
Aktionen: